Jobs.lu

Iwwer jobs.lu

Séit senger Grënnung am Joer 2007 an als Deel vun der irescher Firma Saongroup, entwéckelt jobs.lu sech mam Soutien vun der StepStone Grupp, Duechtergesellschaft der Axel Springer SE ëmmer weider.
jobs.lu ass haut d’Referenz am Beräich Online-Rekrutéierung um lëtzebuergesche Maart, déi lokal Entreprisen dobäi ënnerstëtzt de richtege Kandidat zum richtege Moment ze fannen. Eise Service zeechent sech virun allem duerch seng Diversitéit un Aarbechtsplazen, Kandidaten-Profiller an Employeure aus.

Als exklusive Partner vum internationale Reseau„The Network“ a Lëtzebuerg (Bond vun de féierende Rekrutéierungswebsäiten an iwwer 130 Länner weltwäit) bitt jobs.lu Iech moossgeschneidert an international Léisunge vir Är Rekrutementer.

Eis motivéiert lokal a multi-lingual Equipe engagéiert sech all Daach vir Iech de bescht méigleche Service Client souwéi déi passend Léisungen entspriechend Äre Bedierfnesser ze bidden. Trei eisem Motto: Recruitment made simple!