jobs.lu

 
Entreprise SERVIOR    Lisez notre profil
Description: Avec près de 1800 collaborateurs et une capacité d'accueillir jusqu'à 1650 seniors, SERVIOR est le plus grand gestionnaire de structures d'hébergement pour personnes âgées au Luxembourg.
Contact Division Ressources Humaines
Adresse: 61 rue Vauban, L-2663, Luxembourg  
Numéro de tél.: (+352) 46 70 13 - 2141
Fax: (+352) 46 70 13 - 2200
Site Web:
„Chef de département“ Fleeg a Betreiung (m/w)


Mat ronn 1800 Mataarbechter si mir een vun den gréissten lëtzebuergeschen Gestionnairen am Beräich Wunn- an Fleegeanrichtungen fir Senioren. An eise 15 Haiser wunnen momentan 1650 Senioren.

Fir eis Equipen ze stäerken, siche mir ab elo:

„Chef de département“ Fleeg a Betreiung (m/w)

Vollzäit, onbegrenzt
Referenz: ACD-17-01-A4002-JO
Affektatioun:
CIPA Beim Klouschter, Howald

------------------------------------------------------------

Profil

Dir sidd am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier an hutt och op mannst 3 Joer Beruffserfahrung als Chef vun enger Equipe an der Fleeg (am léifsten bei eeleren Leit).

Dir wëllt Är Kompetenzen an Är Mënschlechkeet an den Déngscht vun eeleren Leit stellen.

Als „Chef de département“ koordinéiert Dir déi verschidden Aarb­echtsofleef an der Fleeg an an der Betreiung, woubäi Dir aktiv an der Personalverwaltung an –entwécklung matwierkt. Doriwwer er­aus hutt Dir Kontakt mat der Fleegeversécherung an iwwerwaacht Ofrechnungen vun de verschiddene Fleegeleeschtungen.

D’Qualitéit vun de Fleegeleeschtungen gëtt vun Iech organiséiert an kontrolléiert. Eng professionell, strukturéiert Fleegedokumentatioun déi den multidisziplinäre Fleegeprozess erëmspigelt ass fir Iech ee Critère vu Qualitéit. Dir hutt Interessi un der Entwécklung vun neien Techniken a Methoden am Fleegeberäich an an der Be­treiung vun eelere Leit an verfügt iwwer gutt Kenntnisser an der lëtzebuerger, däitscher an franséischer Sprooch.

Als ideale Kandidat verfügt Dir doriwwer eraus iwwer gutt informatesch Kenntnisser, souwéi eng grouss Flexibilitéit an Asazbereetschaft.

Wat mir Iech ubidden

Nieft reellen berufflechen Entwécklungsméiglechkeeten bidde mir Iech eng kompetent an héichwäerteg Ënnerstëtzung an Ärem néien berufflechen Ëmfeld un, déi Är Kompetenzen an Talenter fu­erderen. D’Paie ass dem aktuellen SAS-Kollektivvertrag ugepasst.

-----------------------------------------------------------

Schéckt w.e.g. Är Kandidatur mat der entspriechender Referenz an zesumme mat Ärer Foto a Kopien vun Ären Diplomer an Zensure souwéi och déi lëtzebuergesch Erlaabnes am Gesondheetsberuff ze schaffen bis den 28 Januar 2017 un: SERVIOR, Ressources humaines, BP 1413, L-1014 LUXEMBOURG oder iwwert den Site jobs.lu (PDF format).

Lieu   Howald
Salaire Net unginn
Catégorie Santé / Enfance / Soins, Direction / Cadres
Termes CDI, Temps plein
Dernière mise à jour 12/01/2017
Contact Division Ressources Humaines

Postuler pour cet emploi

Connectez-vous pour utiliser vos CVs et lettre de motivation enregistrés
ou Inscrivez-vous et sauvegardez votre CV pour des candidatures futures
(Conseil - Indiquez votre expérience dans le domaine, votre disponibilité et votre autorisation de travail) Pour en savoir plus…
Lettre de motivation
Nom
Téléphone
Adresse électronique
CV (votre CV ne doit pas dépasser 2 Mo)
 


Autres emplois de cet employeur
Date Titre Lieu Liste
16/01/2017 Chefs de Services "Soins et Encadrement" (m/f) Rumelange/Bofferdange
12/01/2017 Aides-soignants (m/f) Tout le pays