Pourquoi Travailler Pour jobs.lu

Why Work For Us

Voir 2 offres d'emploi

Iwwert Eis


Als Leader am Beräich Online-Rekrutéierungen zu Lëtzebuerg ass jobs.lu haut een vun den wichtegsten Acteuren vir den Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché. Eis Missioun ass et dausenden vun Kandidaten zu hirem Dramjob ze verhëllefen an gläichzäiteg den Recruteuren den richtegen Kandidat vir hier Entreprise zu Lëtzebuerg ze verschafen.


Eis Entreprise


Am Januar 2007 als Deel vun der irescher Saongroup gestart, huet sech jobs.lu séier als Haaptrecrutementswebsäit um lëtzebuergesche Marché etabléiert.

Duerch d‘Acquisitioun vum Saongroup duerch StepStone (am November 2013), Deel vum däitschen Axel Springer SE, ka jobs.lu haut Léisunge fir den Online-Rekrutement an iwwert 130 Länner vun der Welt ubidden.



Wat mir Iech bidden:

 

  • Eng dynamesch Aarbechtsatmosphär: direkt Kommunikatioun, oppen Dieren an hëllefsbereet Kollegen
  • Schaffen an Experienz sammelen an engem internationalem Netzwierk
  • Intern Weiderbildungsprogrammer
  • Gratis Parkplaz
  • Eng Kichen a gudde Kaffi

 

Eis Equipe


Eis lokal Equipe aus 11 Mataarbechter bitt eng familiär a gemittlech Atmosphär. Als Member vun engem internationale wuessendem Grupp mat iwwer 2.000 Mataarbechter garantéiere mir Iech vill a séiert Léieren ënnerhalb vun engem internationalen Ëmfeld. Gidd och Dier Deel vun enger erfollegräicher wuessender Online-Entreprise zu Lëtzebuerg.


Kontakt:


jobs.lu
5, rue des Mérovingiens
L-8070 Bertrange
Lëtzebuerg
Tel.: +352 27 99 27 98

Date Offre d'emploi Localisation